Jidderee ka matmaachen. D’Huesenzielung hëlleft wichteg Daten iwwer de Bestand vun den Déieren ze sammelen. Virun zwou Woche gouf e Fall vun Huesepescht am Land confirméiert. Dofir muss een oppassen bei der Huesenzielung, erkläert d'Claire Wolff, si ass Biodiversitéit-Responsabel beim Mouvement écologique.