Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Haut hu mer eng Fro vun engem Nolauschterer, gell?
C: Mir starten an dat neit Wiwi-Joer mat engem Wuert, wat eis en Nolauschterer ageschéckt huet. An zwar geet et do ëm d' Fro, wou dat Wuert "Mupp" eigentlech hierkënnt.
S: Dat ass zwar eng gutt Fro.
C: A wat ech schonn ëmmer ganz interessant fonnt hunn, ass dass een net nëmme Mupp soe kann, mee och Hond. An Hond, ech mengen do wäert elo all Mënsch direkt kënne soen, wou dat hierkënnt.
S: Wéi am Däitschen 'Der Hund'.
C: Jo, eeben. Den Hond ass natierlech a ville germanesche Sproochen ze fannen: hollännesch 'hond' oder schweedesch 'hund', dänesch ' hund'. Mee déi intressant Fro ass, firwat een am Lëtzebuergeschen déi zwee huet a wéi se vläicht e bëssen ënnerschiddlech sinn. Hond ass e bësse méi den neutralen Iwwerbegrëff. An de Mupp ass, mengen ech, éischter eppes, wat sou e bësse méi léif ass an sou e bësse méi frëndschaftlech. Awer béid iwwerschneide sech och am Gebrauch. Sees du eigentlech Hondsrass oder Mupperass?
S: ____
C: Ech mengen, ech soe béides. Du kanns awer witzegerweis am chen-Diminutiv net béides huelen: wann s de lo sees, o kuck, wat e léiwe klengen …?
S: Mippchen.
C: Genee, Mippchen, 'Hëndchen' hu mer nämlech am Fong iwwerhaapt net. Also et ass e Wuert, wat mer nach guer net begéint ass. Dat heescht, et weist schonn, dass dat, wat do ass fir ze vernidlechen, dat ass dann och tendenziell de Mupp. An do mengen ech, dass mer do eng Upak hunn, fir ze soen, dass de Mupp dat ass, wat e bësse méi kleng ass.
S: A wou kënnt d'Wuert Mupp hier?
C: Fir d'éischt muss ech soen, dass d'Form 'Mupp' och als 'Mupp' oder 'Mopp' am Rheinischen Wörterbuch dran ass, also et ass lo net spezifesch Lëtzebuergesch, mee kënnt och am Dialektraum hannert der däitscher Grenz vir. Ma wann et ëm d'Hierkonft vum 'Mupp' geet, do huet sech de Sam Mersch, e gudde Kolleeg vu mir, och schonn domat auserneegesat. An hien hat do schonn e puer Theorië matenee verglach. A wéi dat generell an den Etymologien ass, ass et heiansdo schwéier, eng eenzeg Pist auszemaachen. An als Mënsch si mer ganz oft verleet, déi Pist ze huelen, déi iergendwéi besonnesch flott oder iergendwéi besonnesch intressant kléngt. Mee et muss een awer och kucken: Passt dat mat de Quellen? Passt dat mat der lautlecher Entwécklung? A passt dat och mat deem, wat mer an anere Sprooche fannen?
Kucke mer mol eng Kéier, wat de Sam do eng Kéier erkläert hat. Hie war dovun ausgaangen, dass et eeben och mam Mops zesummenhänkt. Dat gesi mer och an deenen ale Lëtzebuerger Dictionnairen. Do gëtt och de Lien gemaach mam Mops.
S: Mops, also d'Rass?
C: Jo, déi mam zerknautschte Gesiicht an de bëlzegen Aen. An do ginn et fir d'Etymologie vu Mops zwou Erklärungen. Dat eent wier fir d' Beschreiwung vun de Gesiichtsmuster. Do huet een och heiansdo de Verglach mat Englesch "to mope" oder och hollännesch 'mopen' oder 'mopperen'. Dat ass wann ee esou e bëssen grimmeg kuckt oder wann ee esou e bëssen de Mond hänke léisst. Dat kéint natierlech vu verschiddene klenge Muppe-Rassen oder och méi grousse Muppe-Rasse och de Fall sinn, dass et esou e bëssen de Gesiichtsausdrock ass.
S: Wat ass 'mopperen' da genee am Hollänneschen?
C: Ech hat och nach fonnt, dass 'mopperen' am Hollänneschen och e bëssen "grommelen" oder "knurren" bedeite kann. Generell muss een natierlech soen, dass och aner Rassen grommelen, net just déi kleng. Oder et ass, well de Mops sou haart otemt a schnaarcht!
An eng weider Hypothees ass, dass dat Wuert 'Mupp' oder 'Mopp' fir eppes steet, wat ronn a mëll a kleng ass. An deem Kontext fënnt een dann och d'Wierder 'mockeleg' oder 'moppeleg', d.h. e bëssen 'déckeleg'. An do kann et gutt sinn, dass e ronnen Objet, e ronne Kierper dann dozou féiert, dass dat kleng Mippercher sinn. An et ass do hier dann 'moppeleg', 'mopsig', 'mockeleg', dass mer do e bëssen e Lien hunn, mat kleng a ronn.
Interessant ass awer trotzdeem, dass sech déi zwee Wierder (Mupp an Hond) gehalen hunn. Mir hunn also de Mupp, deen iergendwéi Famill ass mam Wuert Mops.
S: Mee do ass et jo eemol eng Rass an eemol den Numm fir d'Déier.
C: Dat stëmmt. An dat ass ganz oft, dass mer a verschiddene germanesche Sproochen eemol en Iwwerbegrëff hunn an eemol en Spezialbegrëff. Dat hu mer zum Beispill och am Engleschen, wou mer 'dog' soen. A kanns de der virstellen, wéi ee Wuert am Däitschen do elo verbonnen ass?
S: Eng Dogge?
C: Jo, do hu mer lo am Engleschen den Iwwerbegrëff 'dog' an den däitsche Pendant bezeechent eng Rass. An zwar sinn dat déi, déi ech ganz léif als kleng Ponye géif bezeechnen. Well dat sinn déi risegrouss Muppen. An do gesäit een, dass 'Dogge' an 'dog' dat selwecht Wuert sinn, mee eemol bezeechent et se alleguer an eemol just eng Gattung dovunner. Änlech hu mer dat och mat 'Hond' oder 'Hund 'an englesch 'hound'. En 'hound' ass nämlech am Engleschen net iergendeen Hond, mee et sinn déi, déi fir ze joe sinn a vun allem déi, déi schnoffele kënnen. Op Däitsch heeschen se 'Jagd- und Hetzhunde' an net Hënn am Allgemengen. An domat hu mer dräi Beispiller, wéi - innerhalb vun de westgermanesche Sproochen - eenzel Wierder eng Bedeitungsverengung hunn (dass een eenzel Rassebezeechnungen huet) oder och eng Bedeitungserweiderung, andeems se eng ganz Kategorie bezeechnen.
S: An ännere sech sou Bedeitungen dann och nees? Also an Zukunft?
C: Dat ass ëmmer schwéier soen, a grad bei esou Lexeemer brauch et nawell laang, bis sech do eppes ännert. Mee sou gesinn huet d'Wuert Mupp sech jo och scho mat der Zäit vum klenge Mops op déi ganz Gattung ausgebreet. An et brauch normalerweis e puer 100 Joer, bis sech esou Tendenze weisen.
S: 100 Joer musse mer net méi op déi nei Episod WiWi waarden, déi kënnt wéi ëmmer an enger Woch!
C: Richteg!
S: An domat soe mer der merci a freeën eis op nei Wierder iwwer Wierder vun dir!
C: Merci och an d'Schlusswuert ass: äddi!