De Marek Dutkiewicz ass Museker an Cellist beim Ensembel Musica Senza Frontiere. Eng Formatioun vu 6-7 Museker:innen, déi sech a verschiddene Constellatioune bei Concerten zesummendoen a barock oder klassesch Musek interpretéieren. Mee de Museksgoût ass gären och ee gutt Stéck méi modern.
Wichteg ass dem Ensembel, wéi den Numm et scho verréit, keng Grenzen ze berücksichtegen a verschidde Kulturen esou openeen treffen ze loossen.
Wéi eng Projeten de Museker:inne besonnesch um Häerz läit a fir wéi eng Wäerter Musica Senza Frontiere steet, doriwwer schwätzt de Marek Dutkiewicz am Gespréich.