Klassik Aktuell

Musikalesch Liesung um Éiner Wënzerdag


Listen Later

“Mosella” ass e Gedicht iwwer d'Musel, geschriwwe vum réimeschen Dichter Decimius Magnus Ausonius. Deen huet sech schonn deemools am 4. Joerhonnert mat Tréier a Lëtzebuerg gutt auskannt. Den Dënschdeg, 15. Juli, kritt deen historeschen Text zu Éinen en neit Liewen an enger Liesung vum Lex Roth, mat passender Musek gespillt vum Ensemble Vocal Sainte Cécile. Dat am Kader vum Éiner Wënzerdag, en traditionelle Rendez-vous fir dat kulturellt Ierwe vum Duerf ze éieren.
Wéi d'Anne Berna vum Ensemble Vocal Sainte Cécile verréit, ass de Grupp fest verankert zu Éinen. Déi musikalesch Liesung ass organiséiert vum Joseph Groben, deen eng grouss Passioun fir d'Miseler Regioun huet. Si zwee verroden am Gespréich mam Marie Schockmel méi.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Klassik AktuellBy radio 100,7