Op Initiativ vu fënnef Gemenge laanscht d'Atert, nämlech Attert (an der Belsch), Biekerech, Ell, Préizerdaul a Réiden ginn d'Musique dans la Vallée organiséiert. Eng Rees an d’Kläng vun der barocker Musek, d’Vertounung vun der ganzer Wierk-Panoplie vu verschiddenste Komponisten oder musikalesch Entdeckungsreesen an déi geeschtlech a weltlech Kultur aus Osteuropa. An och wann een d’Frënn vun der klassescher Musek uviséiert, stinn an dëser Editioun d’Famillen am Vierdergrond.