Ech freeën mech eng nei Episode mat dir ze deelen!
D’Nadia ass d’Powerfra hannert VEGAINZ & ech sinn immens frou mat him konnten an d’Gespreich ze goen virun allem ronderem Thema VEGANE Lifestyle.
An dëser Episode:
gëss du méi gewuer iwwert dem Nadia säin perséinlechen Parcours
mir reesen zréck an dem Nadia seng Lycée Zäit & a seng divers berufflech Erfarungen
erkläert Nadia och säin Wee spriech wéini & wisou et sech entscheet huet vegan ze liewen
hat deelt mat eis seng Erfarungen als schwanger vegan Fra aka let’s talk about the myths
hellt Nadia eis och ë bëssen mat an säin Alldag aka wei hat dat och mat sengem Jong ëmsetzt
mir schwätzen iwwert VEGAINZ, d’Iess-&Trainingspläng dei Nadia op Ufro mëscht
gëss du gewuer fir wien déi Pläng un sech sinn & wei dat konkret of leeft wann s du dech dofir interesséiers!
En ganz flott & spannend Gespréich, virun allem fir all déi ënnert iech, déi en klengen Abléck wëllen an dës Thematik kréien & virun allem dem Nadia seng Gedanken dozou héieren wëllen.
Du fenns d’Nadia:
op IG ennert
@vegainzluxembourg
@Veganfoodluxembourg
Seng privat FB Gruppe:
→ https://www.facebook.com/groups/301783867183807
Seng Email Adress:
[email protected]