Am Virfeld vum NATO-Sommet goufe sech déi Alliéiert eens, hir Depensë fir d'Defense op mindestens 5 Prozent vum PIB ze hiewen. Spuenie kritt eng Ausnam accordéiert. Et wäert virun allem dorëms goen, Unitéit ënner den Alliéierten a mat den USA ze weisen.