Moiesstudio

Neien Accord soll d'Preventioun vun Accidenter am Bausecteur verbesseren


Listen Later

2024 war de Bausecteur fir ronn ee Fënneftel vun allen Aarbechtsaccidenter zu Lëtzebuerg verantwortlech. Dat geet aus dem Joresrapport vun der Assurance Accident ervir. Fir datt den Undeel un Aarbechtsaccidenter am Bau erofgeet, soll méi op Preventioun gesat ginn: anzwar vun der Inspection du travail et des mines, kuerz ITM, an dem Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment, kuerz IFSB. Viru Kuerzem gouf en Accord de coopération ënnerschriwwen, fir datt haaptsächlech d’Inspektere vun der ITM nach besser forméiert ginn.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

MoiesstudioBy radio 100,7