Hanner den Téin ass ee Podcast iwwer zäitgenëssesch Musek mam Pit Brosius. Den Dirigent trefft sech mat Musekerinnen a Museker a wëll vun hinne wëssen, wat si an hirem Liewe beweegt an un der Neier Musek inspiréiert. Et entsteet eng Aart Schnuppercours mat kuerze musikalesche Beispiller a vill spannend Anekdoten.
Am mëttlerweil siwenten Episod ass d’Geiistin Sandrine Cantoreggi op Besuch. De virtuose Klang vun der Gei ass eis duerch de groussen a klassesche Repertoire bekannt. Op virun engem Orchester oder méi intim bei der Kammermusek, d'Gei gëtt gäre ganz villsäiteg agesat. Wéi se an der Neier Musek vun haut ka kléngen, erkläert d'Geiistin Sandrine Cantoreggi an dësem neien Episod.