Moiesstudio

Neien Héchststand vum Goldpräis


Listen Later

An de leschte Wochen erreecht de Goldpräis quasi deeglech en neien Héchststand. Gëschter am Laf vum Dag louch den offizielle Präis vum Gold un der Bourse eng éischte Kéier iwwer 3.200 Euro d'Onz. Am Januar vun dësem Joer war de Präis nach bei ënner 2.700 Euro. D’Hausse vum Goldpräis ass awer net just interessant fir déi Leit, déi an d’Gold investéieren, mee och fir déi, déi an hirem Alldag mat Gold schaffen. De Pit Beffort huet mat enger Bijoutière an engem Goldhändler iwwer den Impakt vum Goldpräis op hiert Geschäft geschwat.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

MoiesstudioBy radio 100,7