E puer Wierder iwwer Wierder

Neijoerschdag


Listen Later

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mer ginn der Fro no vum "sch".
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Haut geet et graff gekuckt ëm Silvester.
C: Jo, et ass déi richteg Richtung, et geet mer ëm den éischten Dag vum neie Joer.
S: … also Neijooschdag.
C: Neijooschdag, den Dag mam Oosch.
S: Mam Oosch?
C: Ech wëll Iech haut méi erzielen, wéi et zu deem Oosch kënnt.
Den Neijooschdag huet deen OOSCH an deen ass ganz typesch, wann en R an en S zesummekommen. Well am Fong setzt sech dat Wuert zesummen aus nei, Joer an Dag. An do hu mer nach en S, dee mer ganz typesch do stoen hunn.
S: De Fouen-s!
C: Jo, tipptopp, iwwert deen hate mer och scho bei anere Wierder geschwat. Dat ass dee klengen S, deen heiansdo an Zesummesetzungen ze fannen ass. An den R an den S an eelere Wierder, hu mer deen zu Sch verbonnen. Dat nenne mer an der Linguistik assimiléiert. Dat heescht R an S gëtt ganz oft am Lëtzebuergeschen zu Sch assimiléiert. Dat ass awer haaptsächlech bei eelere Wierder sou oder dat gesäit een och bei verschiddenen däitsche Wierder: besonders ass besonnesch oder Bürste ass Biischt oder anescht ass däitsch anders – den R an den S gëtt zu Sch. An do gesi mer am Wuert Neijooschdag, dass deen SCH hei ganz fest dran ass. Well kee vun eis seet 'Neijoersdag', obwuel dat natierlech déi eenzel Elementer wieren. Et gëtt awer och d'Schreifweis "Neijoerschdag", déi gefält mir perséinlech awer manner gutt, well se d'Iddi vun der Assimilatioun net opgräift an amplaz éischter d'Wuert
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

E puer Wierder iwwer WierderBy radio 100,7