Fir d’Lëtzebuerger Philharmoniker stoung elo ee grousse Wiessel un. De Gustavo Gimeno hält no 10 Joer als Chefdirigent op, an de leschte Freide war säi leschte Concert an där Roll an der Philharmonie. Dat markéiert d’Enn vun enger grousser Era, iwwert déi den Alain Steffen elo e Buch erausbruecht huet. “Luxembourg Philharmonic. Das Zukunftsorchester” heescht dat, an doranner zeechent de Lëtzebuerger Schrëftsteller d’Visioun an de Parcours vun de Lëtzebuerger Philharmoniker. Net nëmmen seng eege Wieder kann een doranner liesen, mee och déi vu sëllege Personnagen aus der Welt vun der klassescher Musek. Een Héichpunkt am Buch ass fir den Alain Steffen seng Begéinung mam Pierre Cao. Den Alain Steffen huet hien deemools als jonken Dirigent kenne geléiert, an huet seng Entwécklung ganz genee matkritt.
Méi Detailer iwwert säi Buch verréit den Alain Steffen am Gespréich mam Marie Schockmel.