Bal 1.200 Mol ass d’Police d’lescht Joer wéinst haislecher Gewalt intervenéiert, ronn 59 Prozent vun den Affer ware Fraen oder Meedercher. Dat sinn Zuelen, déi Dir aktuell wärend der Orange Week vläicht scho méi dacks héieren hutt. D’Donkelziffer ass awer wuel vill méi héich, well vill Betraffener sech net traue bei d’Autoritéiten ze goen. An esouguer wann, heescht dat nach laang net, datt si aus där prekärer Situatioun direkt erauskommen. Well: d’Fraenhaiser uechter d’Land si voll an d’Sich no enger eegener Wunneng ass schwiereg ... Wou sti mir aktuell? Doriwwer huet d’Paule Rodesch mat der Responsabeler vum Fraenhaus vun der Associatioun Femmes en détresse geschwat.