Eng brittesch Sendung suergt grad fir vill Diskussiounen an dat net nëmmen op der Insel. An der Serie “Adolescence” geet et ëm ee Jong, deem virgeworf gëtt, eng Schoulkomerodin erstach ze hunn. Huet hien dat wierklech gemaach a wéi eng Roll hunn d'Sozial Medie bei deem Ganze gespillt? D’Claire Barthelemy huet d’Serie gekuckt.