New Work

New Work #2 - Besser schaffen zu Lëtzebuerg


Listen Later

Eng grouss Partie vun eisem Liewe verbrénge mer mat schaffen. Och wann et an éischter Linn drëms geet, Suen ze verdéngen, wëllen a sollen d’Salariéen ënnert adequaten Aarbechtskonditioune schaffen, esou d’Nora Back, Präsidentin vun der Chambre des Salariés (CSL). Dofir befreet d’CSL scho säit 2013 an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg an der Etüd Quality of Work Index Luxembourg reegelméisseg Salariéen iwwert hir Aarbechtsbedéngungen a Beschäftegungsqualitéit.

D’Aussoen iwwert Mobbing, Depressiounen a Suizidgedanke ginn an de leschte Joren opfälleg an d'Luucht, sou de Prof. Dr. Georges Steffgen. Den David Büchel, Aarbechtspsychologue a Conseiller de Direction bei der CSL ënnersträicht, wéi wichteg d’Vertraue vun de Patron*nen hire Salariéë géigeniwwer ass a wéi eng Mesuren all eenzel Entreprise elo scho kann huelen, fir d’Aarbechtsqualitéit ze verbesseren.

Nëtzlech Links:

  • CSL: https://www.csl.lu/fr/
  • Campagne de sensibilisation « Prévention des risques pour la santé sur le lieu de travail »: https://www.csl.lu/fr/bibliotheque/mediatheque/
  • ...more
    View all episodesView all episodes
    Download on the App Store

    New WorkBy Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal)