New Work

New Work

By Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal)BusinessEducationCoursesCareers
Download on the App Store

New Work episodes

  • New Work #29 - Panorama social 2026

    Lëtzebuerg ass e räicht Land. Mee wat kënnt vun deem Räichtum bei de Leit un? Geet d'Pai duer, fir de Loyer an d'Rechnungen ze bezuelen? A wéi geet et de Leit op hirer Aarbechtsplaz?

    Mat esou Froe beschäftegt sech de Panorama social vun der Chambre des salariés. De Rapport bréngt Zuelen iwwer déi sozial a wirtschaftlech Situatioun zu Lëtzebuerg zesummen.

    An dëser Episod kucke mir op d'Editioun 2026 mam Nathalie Georges, Soziologin a Conseillère bei der Chambre des salariés, mam Félix Martins, Ekonomist bei der CSL, a mam David Büchel, Aarbechtspsycholog a Coordinateur vun der Etüd Quality of Work Index, och bei der CSL.

    24 min
  • New Work #28 - Pensiounsreform

    Kaum een Thema war méi déi lescht Joren an de Medien, wéi d’Pensiounskeess an hier ustoend Reform. Ëmmer manner Salarié*en musse fir ëmmer méi Pensionéierter schaffe goen.

    An der aktueller Episod vum Podcast New stelle mir eis d’Froen firwat et eng Pensiounsreform gebraucht huet? Wat sech konkret geännert huet? Wat ass dobäi gutt gelaf a wat manner gutt? Wat ass d’Tripartite? An ass dës Reform wierklech d’Léisung zu eise Pensiounsprobleemer

    All dat kläre mir mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre de salariés, an dem Dylan Theis, conseiller de direction an Ekonomist. D’Chambre de salariés huet nämlech och een Avis zu dëser Reform geschriwwen.

    27 min
  • New Work #27 - Alles iwwert déi nei Steierreform

    Wosst Du schonn, dass mir ab 2028 een neie Steiersystem zu Lëtzebuerg wäerten hunn?

    An dëser Episod schwätze mir genau doriwwer an iwwer dat, wat sech mat dëser Reform ännere wäert. Ma wéi eng Ongerechtegkeete ginn et am aktuelle Steiersystem, wat misst sech änneren, fir dass all Mënsch och wierklech gläich virum Steiergesetz ass, an ass dat de Grond, wisou mir eng Steierreform brauchen?

    All dat kläre mir haut mam Dylan Theis, Ekonomist a Conseiller de Direction bei der Chambre des salariés Luxembourg, an dem Laurent Uhoda, Conseiller de Direction, och bei der CSL.

    Zesummen hu si un engem Avis fir de Projet de Loi vun der Steierreform geschafft a sinn esou Experten am Thema.

    26 min
  • New Work #26 - Wéi d'Logementskris d'Salarié*een impaktéiert

    Wann een zu Lëtzebuerg wunnt, da kënnt ee bal net um Sujet vun der Logementskris laanscht. Sief et wëll ee selwer dovunner betraff ass, oder well et reegelméisseg an der Politik an de Medien ugeschwat gëtt.

    A genee iwwert déi Kris schwätze mer an dëser Episod mam Claude Roeltgen, Conseiller bei der Chambre des salariés, a mam Constance Uyttebrouck, Fuerscherin beim LISER. Awéiwäit ass den Aarbechtsalldag vun der Kris betraff? Wéi eng Erausfuerderungen hunn d'Salarié*een doduerch? A wat misst sech änneren, fir dass net nëmmen d'Logementskris kéint behuewe ginn, mee och de Salarié entlaascht gëtt?

    Mir schwätzen iwwert den Impakt, déi d'Logementskris op d'Salarié*een huet.

    31 min
  • New Work #25 - Fraerechter op der Aarbecht

    Um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sinn d'Fraen an d'Männer gläichberechtegt.

    Laut enger Statistik vun 2023, déi fir Opreegung gesuergt huet, verdéngen d'Fraen sou guer méi, wéi d'Männer. Dobäi handelt et sech nëmmen ëm de Stonneloun. Wann een sech de Joresgehalt ukuckt, herrscht nämlech nach ganz kloer en Gender Pay Gap.

    Wéi ënnerscheeden sech d'Aarbechtskonditioune vu Männer a Fraen zu Lëtzebuerg? Ass hallef Zäit Schaffen eng reel Chance fir d'Fraen oder ass et éischter en Nodeel? A wéi no si mir dem Zil vun enger gläichberechtegter Aarbechtswelt? Genee doriwwer schwätze mer mam Johana Soares Lapeira, Juristin a Conseillère bei der Chambre des salariés, a mam Isabelle Schmoetten, Directrice vum CID Fraen an Gender.

    24 min
  • New Work #24 - Méi Weiderbildung, méi Aarbechtsqualitéit

    All Joer freet sech d'Chambre des salariés, wéi et ëm d'Aarbechtsbedingungen um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché steet.

    Dofir huet si zesumme mat der Uni Lëtzebuerg an dem Sozialfuerschungsinstitut INFAS de Quality of Work Index an d'Liewe geruff. Eng Studie, bei der dausende vu Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, zu hirem Bien-Être op a ronderëm d'Aarbecht befrot ginn.

    Wéi eng Roll spillen déi initial Formatioun a Weiderbildungen am Kontext vum Wuelbefannen op der Aarbecht? Wéi gesäit de Quality of Work Index vun 2025 aus? A verbesseren sech d'Aarbechtsbedingungen zu Lëtzebuerg op laang Siicht? All dat kläre mir haut mam David Büchel, Conseiller de Direction bei der CSL, an dem Dr. Philipp Sischka, Fuerscher op der Uni.lu an Deel vun der Ekipp, déi d'Studie auswäert.

    21 min
  • New Work #23 - Acquis ou conquis sociaux ?

    Fir d’Aarbechtsrechter vun haut gouf haart gekämpft – ma do wou d’Chambre des Salariés hikommen wëll, si mir haut awer nach net ukomm.

    Firwat brauche mir Gewerkschaften? Wéi eng Aarbechtsrechter konnt een sech an der Vergaangenheet erkämpfen? An wéi kollaboréieren d’Gewerkschaftenan d’Chambre des Salariés zesummen? All déi Froe si virun allem an der haiteger Zäit – wou d’Tripartite ëmmer nees duerch d’Streidegkeeten an d’Opmierksamkeet geréit – interessant a wichteg.

    Dowéinst beschwätze mir all dëst a villes méi an dëser Episod vun New Work mam Nora Back, Presidentin vun der Chambre des Salariés, an dem Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des Salariés.

    21 min
  • New Work #22 - Panorama social 2025

    Ee Mol am Joer mécht d’Chambre des salariés de Point iwwert déi sozial Situatioun zu Lëtzebuerg.

    Wéi eng Inegalitéiten existéieren a gi méi grouss? Ween ass vun Aarmut betraff a virun allem firwat? An wat kann d’Politik maachen, fir de soziale Panorama zu Lëtzebuerg opzebesseren? All dat gräifen déi Responsabel fir de Panorama Social vun der CSL op a sichen no Léisungen.

    Festgehale gëtt all dëst an engem Dokument, wat der Politik an dem grousse Public fir näischt zur Verfügung steet. Wéi dëse Panorama Social zustane kënnt, wat d’Erkenntnisser zum Panorama 2025 sinn a wat mir dorausser kënne léieren…

    Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Nathalie Georges an dem Félix Martins, alle béid Conseillere bei der Chambre des salariés.

    16 min
  • New Work #21 - D'Weiderbildung am Erwuessenenalter

    Et ass een ni ze al, fir nei Saachen ze léieren.

    Fir sech weider ze bilden an een neien Diplom ofzeschléissen och net.

    Vun enger Beruffsausbildung, wéi den DAP bis de Master, kann een Diplomer an divers Zertifikaen och nach wärend senger Carrière maachen. D'Chambre de salariés setzt sech dofir an, dass all Mënsch d'Méiglechkeet kritt, sech ze qualifizéieren. Iwwerdeems bidden si och selwer Formatiounen iwwert de Lifelong Learning Center un a beräicheren esou d'Panoplie vun der Offer hei am Land.

    Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Jeannine Kohn, Conseillère an der Direktioun vun der CSL.

    22 min
  • New Work #20 - Wéi de Klimawandel d'Aarbecht verännert a wat dogéint gemaach gëtt

    De Klimawandel ass kengem méi ee frieme Begrëff.

    Domat setzt een oft extreem Wiederen an de Verloscht vun der Biodiversitéit a Verbindung. Schonn haut si mir a Lëtzebuerg vun de Konsequenze betraff – an domadder och eis Aarbechtsplazen.

    Ma wéi eng Mesurë musse geholl ginn, fir deem entgéint ze wierken? D'Chambre des salariés bereet, zesumme mam Mouvement écologique (MECO), ee Plan social fir de Klima vir. Doriwwer an iwwer villes méi a punkto Klimawandel beschwätze mir an dëser Episod mam David Büchel an dem Claude Roeltgen, alle béid Conseiller bei der CSL, an dem Blanche Weber, Präsidentin vum MECO.

    21 min

About New Work

From the publisher's feed

Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien…