New Work

New Work #24 - Méi Weiderbildung, méi Aarbechtsqualitéit


Listen Later

All Joer freet sech d'Chambre des salariés, wéi et ëm d'Aarbechtsbedingungen um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché steet.

Dofir huet si zesumme mat der Uni Lëtzebuerg an dem Sozialfuerschungsinstitut INFAS de Quality of Work Index an d'Liewe geruff. Eng Studie, bei der dausende vu Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, zu hirem Bien-Être op a ronderëm d'Aarbecht befrot ginn.

Wéi eng Roll spillen déi initial Formatioun a Weiderbildungen am Kontext vum Wuelbefannen op der Aarbecht? Wéi gesäit de Quality of Work Index vun 2025 aus? A verbesseren sech d'Aarbechtsbedingungen zu Lëtzebuerg op laang Siicht? All dat kläre mir haut mam David Büchel, Conseiller de Direction bei der CSL, an dem Dr. Philipp Sischka, Fuerscher op der Uni.lu an Deel vun der Ekipp, déi d'Studie auswäert.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

New WorkBy Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal)