
Sign up to save your podcasts
Or


An dësem Episod schwätze mer mam Claude Cardoso, Conseiller de Direction bei der Chambre des Salariés a Responsabel vum Lifelong Learning Center, ma och mam Julie Prunier a mam Thierry Kreins, allen zwee Formateur*in am LLLC, iwwert den Digital Learning. Wat bedeit Digital Learning genau a wat fir Virdeeler bréngen Online Coursë mat sech? Si hunn eis erkläert, wéi si sech adaptéiere missten a wisou dës Formule hinnen haut méi Flexibilitéit gëtt.
An dësem Episod schwätze mer mat der Juristin Joana Soares Lapeira vun der Chambre des Salariés a mam Charel Donven, Vice-President vun der Studentevertriedung ACEL, iwwert de Sujet Stagekontrakt an de Studentenjob. Wéi ass dat am Aarbechtsgesetz gereegelt an op wat solle Studenten a Studentinne virum Ënnerschreiwe besonnesch gutt oppassen?
An dësem Episod schwätze mer iwwert Harcèlement moral um Aarbechtsmarché oder wéi mer och soen, Mobbing op der Aarbechtsplaz. Wat bedeit dat eigentlech konkret a wéi eng Mesure kënnen hei geholl ginn? De Philipp Sischka, Fuerscher vun der Uni.lu am Beräich Aarbechtspsychologie an den David Büchel, Aarbechtspsychologe bei der Chambre des salariés (CSL), ginn eis en Abléck wat alles ënnert de Begrëff Mobbing fällt. D’Nathale Moschetti, Conseillère Juridique bei der CSL, erkläert wat een als Affer vu Mobbing kann ënnerhuelen a wéi eng Ulafstellen et hei zu Lëtzebuerg ginn.
An dësem Episod schwätze mer iwwert d’Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer um Aarbechtsmarché. Wat bedeit dat iwwerhaapt hautzedaags, d’Beruffs- a Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien? Wéi eng Erausfuerderunge ginn et hei a wéi eng Mesurë gi geholl, fir der Ënnerrepresentatioun vu Fraen entgéint ze wierken? Dofir hunn ech mam Sylvie Lombardi, Presidentin vum Comité à l’égalité vun der Chambre des salariés (CSL) geschwat. Ier d’Emilia Minacapilli, Juristin a Conseillère de Direction bei der CSL eis en Iwwerbléck gëtt, wéi eng EU-Direktiven et an deem Kontext ginn an elo op nationalem Niveau ëmgesat musse ginn. Virdru gëtt eis den Direkter, de Sylvain Hoffmann, en Abléck an de Quality of Work Index, dee si 2013 mat der Uni Lëtzebuerg entwéckelt hunn, wéi eng Informatiounen si aus dësen Enquêtën all Joers kënne sammelen a wien d’CSL nieft de Salariéen nach vertrëtt.
Am Oktober hunn d’Chambre des salariés an d’Gewerkschaften eng Sensibiliséierungscampagne ronderëm d’Plattformwirtschaft lancéiert. D’Nora Back, Presidentin vun der CSL, erkläert, firwat dëst iwwerhaapt noutwenneg ass. EU-Schätzungen no schaffen europawäit iwwer 20 Millioune Persoune fir Plattformen. Dës Zuel wäert sech an den nächste Jore verduebelen, esou den EU-Kommissär Nicolas Schmit. D’EU schafft aktuell un Direktiven, fir dës Persoune besser ze schützen.
D’Martine Mirkes, Juristin a Conseillère de Direction bei der CSL, erkläert, datt déi Persounen, déi hir Servicer op Plattformen ubidden, an der Reegel als Indépendant agestallt sinn. Dobäi passen d’Konditiounen, déi d’Plattformen de Persounen opleeën, éischter zu engem ofhängegen Aarbechtsverhältnis an d‘Leit missten, esou d’Martine Mirkes, als Salariéë reklasséiert ginn. De François Biltgen, Riichter um Europäesche Geriichtshaff, gëtt eis en Abléck an d’Jurisprudenz zu dëser Matière. Wat ass der EU no eigentlech en „Arbeitnehmer“?
Souwuel d‘EU-Direktiven, déi de Moment ausgeschafft ginn, wéi och d’Gesetzespropositioune vun der CSL hunn als Zil, déi Persounen, déi fir esou Entreprisë schaffen, besser ze schützen, andeems si méi einfach en Urecht op en Aarbechtsvertrag kréien. D’Chambre des salariés fuerdert, datt elo schonn op nationalem Niveau reagéiert gëtt an huet hir Propositioun ëm e weidere Punkt, dee vum "Détachement virtuel", erweidert. Den 1. Dezember invitéiert d’Chambre de Salariés an d’EU-Kommissiounsvertriedung fir Lëtzebuerg op hir Konferenz. Hei wäerten de Kommissär Nicolas Schmit, deen des EU-Initiative lancéiert huet, säi Point de Vue nach méi detailléiert presentéieren, dernieft gëtt de François Biltgen en Abléck iwwert d’Urteeler déi an deem Kader scho geschwat goufen a matdiskutéiere wäert och de Prof. Dr. Luca Ratti vun der Uni Lëtzebuerg, deen op d’EU-Recht spezialiséiert ass.
Wéi kann een de Stress reduzéiere respektiv besser domadder ëmgoen? D’Chambre des Salariés bitt hei verschidden Ënnerstëtzungen un. D’Michèle Pisani, Psychologin a Conseillère bei der CSL, gëtt en Iwwerbléck iwwer d’Owescoursen, Formatiounen an Universitéitscoursen aus dem Beräich Mental Health. A mir kréien en Abléck an d’Aarbecht vum Sonia Neves, si ass Therapeutin a gëtt ënnert anerem Sophrologiecoursen an de Betriber hei zu Lëtzebuerg. Geduecht sinn déi Course fir den eenzele Salarié respektiv Personaldelegéierten, déi sech fir d’Mataarbechter an d’Mataarbechterinnen an hirem Betrib asetzen.
Life long learning, also e liewe laangt léiere gëtt ëmmer méi wichteg. D’Kompetenzufuederunge klammen an d’Beruffer gi méi komplex. Op internationalem Niveau, ginn et och schonn eng Partie Modeller wéi een déi aktiv Bevëlkerung nach besser an hirer Weiderbildung ënnerstëtze kann. D’Chambre des Salariés gesäit nach méi Potenzial dodran, déi speziell Congéen, déi elo scho kënnen ugefrot ginn an Zukunft nach méi flexibel ze notzen a fuerdert, datt den Accès an d’Informatioune ronderëm d‘Formatioune verbessert ginn.
An dësem Episod erkläert d’Jeannine Kohn, Conseillère de direction bei der CSL, wéi eng staatlech Hëllefen de Salariéen zoustinn. Zousätzlech kënnen och Entreprise Kofinanzementer fir hir Mataarbechter*innen ufroen, wéi de Sam Friederici vum Institut National pour le Développement de la Formation Continue (INFPC) confirméiert. Nieft de finanziellen Ënnerstëtzunge ginn d’Formatiounen och zäitlech esou ugepasst, datt d’Participanten, trotz ënnerschiddleche Schaffzäiten, sou gutt et geet deelhuele kënnen, sou d’Sandra Grunewald, zoustänneg fir den Developpement vum Life Long Learning Center.
Nëtzlech Links:
https://www.csl.lu/fr/vos-droits/salaries/conges-legaux/vue-densemble/
https://www.csl.lu/fr/lllc/toutes-nos-formations/
Eng grouss Partie vun eisem Liewe verbrénge mer mat schaffen. Och wann et an éischter Linn drëms geet, Suen ze verdéngen, wëllen a sollen d’Salariéen ënnert adequaten Aarbechtskonditioune schaffen, esou d’Nora Back, Präsidentin vun der Chambre des Salariés (CSL). Dofir befreet d’CSL scho säit 2013 an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg an der Etüd Quality of Work Index Luxembourg reegelméisseg Salariéen iwwert hir Aarbechtsbedéngungen a Beschäftegungsqualitéit.
D’Aussoen iwwert Mobbing, Depressiounen a Suizidgedanke ginn an de leschte Joren opfälleg an d'Luucht, sou de Prof. Dr. Georges Steffgen. Den David Büchel, Aarbechtspsychologue a Conseiller de Direction bei der CSL ënnersträicht, wéi wichteg d’Vertraue vun de Patron*nen hire Salariéë géigeniwwer ass a wéi eng Mesuren all eenzel Entreprise elo scho kann huelen, fir d’Aarbechtsqualitéit ze verbesseren.
Nëtzlech Links:
D'Originne vum Luxembourg Lifelong Learning Centre fënnt een am Joer 1971, an hautdesdaags proposéiert den Zenter zesumme mat ville Partneren eng grouss Panoplie u Formatiounen, vun deene bis ewell iwwer 250.000 Leit profitéiert hunn. Den LLLC soll et de Salariéeën erméiglechen, d'Evolutioun vum Aarbechtsmarché net ze verpassen, an hirer Karriär weiderzekommen oder sech berufflech nei z'orientéieren.
Mir waren an dräi Owescoursë luussen, fir d'Ambiance anzefänken a bei de Formateuren a Participanten nozefroen, wéi si d'Formation continue erliewen a wat et am berufflechen Alldag ka bréngen. An dësem Episod gëtt däitlech, wéi jidderee säi Potenzial am Kader vun enger Weiderbildung optimal ka notzen, a wéi fruchtbar den Echange mat anere Salariéeë ka sinn.
Hei gëtt et weider Informatiounen zu de Coursen:
From the publisher's feed