
Sign up to save your podcasts
Or


Dës Woch schwätze mir fir d’éischt iwwert d’Energiekris. De Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden huet no laangem Hin an Hir elo eng Tripartite ugekënnegt, fir op d’ekonomesch Konsequenze vum Krich am Noen Osten ze reagéieren. Ausserdeem beschäftege mir eis mat der Energietransitioun am Grand-Duché. De Joresrapport vun der Klimaagenceweist, wat fir ee Potential am Ëmstig op erneierbar Energiequelle stécht. Duerno geheie mir nach e Bléck op d’Lëtzebuerger Kulturzeen an op zwee Kënschtler, vundeenen dës Woch vill rieds war.
Transkriptioun a Shownotes
Ënnerstëtzt de Podcast op Patreon
D'Theme vun haut:
Prospicere saluti civium. Dës Woch konzentréiere mir eis op Lëtzebuerg. Mir fänken u mat engem Wuert, dat dës Woch oft gefall ass: Tripartite. Wat genee versteet een zu Lëtzebuerg dorënner? A kann d’Tripartite eis wierklech aus der aktueller Kris hëllefen? Duerno zéie mir de Bilan vum europäesche Speedmarathon. Ausserdeem kucke mir eis un, wéi ee sech zu Lëtzebuerg op d’Zukunft virbereet: De Fluchhafen umFindel kritt ee Masterplang fir 2050 an et sollen 11 nei Lycéeën am Grand-Duché entstoen. Zum Schluss verrode mir iech nach, firwat dir onbedéngt en Ausfluch op Duelem maache sollt.
Transkriptioun a Shownotes
Ënnerstëtzt de Podcast op Patreon
D'Theme vun haut:
Haut beschäftegt eis fir d’éischt d’Situatioun am Noen Osten, wou eng Wafferou tëscht den USA an dem Iran potenziell Verhandlungsgespréicher kéint erméiglechen. Ausserdeem kucke mir op Ungarn, wou muer um Sonndeg Parlamentswale stattfannen. Duerno geet et ëm en Insekt, dat e Risiko fir d’europäesch Biodiversitéit duerstellt, a mir schwätzen iwwert zwee wichteg Chantieren zu Lëtzebuerg. Zum Schluss gëtt et nach e Grond fir ze feieren: Déi éischt bemannte Moundmissioun a 54 Joer huet et an der Nuecht erfollegräich zeréck op d’Äerd gepackt.
Transkriptioun a Shownotes
Ënnerstëtzt de Podcast op Patreon
D'Theme vun haut:
Fir déi drëtt Episod beschäftegt eis nach emol de Konflikt am Noen Osten, dee säit fënnef Wochen undauert. An eisem Bléck op Lëtzebuerg geet et ëm Diskussioune ronderëm de Mindestloun an eng Cyber-Attack op d'Parlament. Ma et ass net alles schlecht! Mir schwätzen och iwwer zwou gutt Neiegkeeten, déi allebéid op hir Manéier e klengt Stéck Hoffnung a sech droen: ee Konschtwierk, dat op eemol mat ganz aneren Ae betruecht gëtt, an eng spektakulär Missioun am Weltall, déi d'lescht Woch fir vill Jubel gesuergt huet.
Transkriptioun a Shownotes
Ënnerstëtzt de Podcast op Patreon
D'Theme vun haut:
Dës Woch beschäftegt eis besonnesch d’Lag an der Welt. Mir behandelen d’Onrouen am Iran a schwätzen iwwer Protester am US-Bundesstaat Minnesota. Ausserdeem kucke mir op d’Situatioun ronderëm Grönland, nodeems den Donald Trump kierzlech seng Fuerderung widderholl huet, datt d’Land vun den USA annektéiert sollt ginn. Zum Schluss geheie mir nach e Bléck op de Lëtzebuerger Gesondheetssystem, deen dës Woch nawell eng gutt Zensur ausgestallt krut.
Transkriptioun a Shownotes
Ënnerstëtzt de Podcast op Patreon
D'Theme vun haut:
An eiser éischter Episod kucke mir zeréck op déi éischt Deeg vum neie Joer. Mir schwätzen iwwert en tragescht Accident an der Schwäiz, dat international fir vill Betraffenheet gesuergt huet, a mir beschäftegen eis mat der Baussepolitik vun den USA. Duerno kucke mir eis un, wat fir eng Gesetzer a Reglementer mam Joreswiessel zu Lëtzebuerg a Kraaft trieden. Zum Schluss schwätze mir iwwert d’Wiederlag an Europa, déi och nach dëse Weekend e puer Iwwerraschunge mat sech bréngt.
Transkriptioun a Shownotes
Ënnerstëtzt de Podcast op Patreon
D'Theme vun haut:
From the publisher's feed