D’Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun den Häre verléiert deen éischte Match ënner dem neien Nationaltrainer Jeff Strasser mat 1-3 géint Nordirland. D’FLF-Formatioun huet sech no engem intensive Match misste geschloe ginn a kasséiert domat am éischte Match vun der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun déi éischt Defaite. Pechvull op Lëtzebuerger Säit war gëschter Owend de Seid Korac, dee fir d’éischt en Eelefmeter verursaacht an dunn an der 66. Minutt déi rout Kaart gesinn huet.