No enger Paus vu gutt siwe Wochen ass muer Mëttwoch am Staatsministère op een Neits eng Reunioun vun der Regierung mat de Sozialpartner. Am Virfeld dovun hat de Premier Luc Frieden ugekënnegt, d’Gespréicher mat de Sozialpartner dës Woch wëllen ofzeschléissen, ob mat oder ouni Accord op alle Punkten: dat si jo d’Pensiounsreform grad wéi d’Ëffnungszäiten an d’Sonndesaarbecht am Handel.