Moiesstudio

Nordstad-Fusioun


Listen Later

U sech hat ee gemengt elo wier alles kloer, e Sonndeg virun 8 Deeg, wéi d’Resultat vum Referendum zu Bettenduerf virlouch: Eng Majoritéit vu 57,4 Prozent vun de Wieler:innen hat sech do derfir ausgeschwat, datt d’Gemeng weider un de Sondéierungsgespréicher iwwer eng eventuell Nordstad-Fusioun sollt deelhuelen - wat déi jo u sech net méi wëlles hat. De leschte Mëttwoch huet de Bettenduerfer Gemengerot dunn awer net, wéi een hätt kënnen erwaarden, eng Decisioun an deem Sënn geholl ... nee: en huet guer näischt decidéiert, ausser eng Reunioun mat de 4 anere Fusiounskandidaten ze froen, fir op de leschte Stand bruecht an dann och gewuer ze ginn, ob Dikrech, Ettelbréck, Schieren an Ierpeldeng iwwerhaapt nach op Bettenduerf géifen zielen.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

MoiesstudioBy radio 100,7