D‘ONG Global Witness mat Sëtz zu London mécht schwéier Reprochë géint Traxys, eng international Firma, mat europäeschem Sëtz zu Lëtzebuerg, déi Metaller a Mineralien importéiert a verkeeft. Se soll vum Krich an der Demokratescher Republik Kongo profitéieren.