120 Joer laang gëtt et se schonn, d'Jugendbeweegung vun de Guiden a Scouten. Nëmme 5 Länner op der Welt hu keng Scoutsverbänn; also schéngt do schonn eppes Spezielles drun ze sinn. D'Nora Schleich ënnerhält sech mam Yannick Fella, deen zënter hie kleng ass bei de Scouten täteg ass. Si analyséieren d'Bildungsiddi vun de Scouten an och dat besonnescht Gruppegefill, dat an de Verbänn an den Aktivitéiten zum Droe kënnt. Een Denker, deen do net dierf feelen, ass de John Dewey, well Learning by Doing ass ee vun den Haaptmottoe bei de Scouten.