PISA de Wëssensmagazin

PISA de Wëssensmagazin

By RTL Télé LëtzebuergNatural Sciences
Download on the App Store

PISA de Wëssensmagazin episodes

  • Ëmmer genuch Stroum, 27/11/2022
    Solarstroum-Fuerschung zu Lëtzebuerg a wéi een Energie spuere kann

    Mir maachen eis op d’Sich no den Apparater déi am meeschte Stroum verbrauchen. De Schäffchen, d’Chrëschtbeliichtung oder awer d’Tëlee? Wéi kann ee bei sech Doheem Stroum spueren. Kann een eng Solaranlag och einfach an d’Steckdous stiechen an de Stroum direkt benotzen? Mir hunn um Daach vun engem Haus Solarzelle gesinn, déi een op den éischte Bléck guer net gesäit. A Fuerscher op der uni.lu entwéckele d’Solarzelle vun der Zukunft. Kleng, faarweg an héich effizient.
    28 min
  • Mysteriéis Grenz, 02/10/2022
    Op der Sich no de markante Grenzbornen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg

    Se sinn knapp dräi Meter héich an et gëtt se just laanscht zwou Grenzen op der Welt. Op engem groussen Deel vun der belsch-lëtzebuerger Grenz goufe gosse Grenzmaarken opgestallt. Am neie Pisa Summerchallenge wëllen den Olivier Catani a Mister Science déi ganz Grenz befueren an op mannst 100 vun den imposante Maarke fannen. De Gros dovun steet awer net laanscht Weeër, mee matten am Bësch oder a geféierlechen Häng. Wéini goufen d’Marken opgestallt? Wien huet d’Grenz gezunn? A firwat sinn op ville Plaze komesch Zacken dran?
    50 min
  • Pisa Challenge: Geheimnisvoll Grenz, 25/09/2022 19:25
    Op der Sich no de markante Grenzbornen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg

    Se sinn knapp dräi Meter héich an et gëtt se just laanscht zwou Grenzen op der Welt. Op engem groussen Deel vun der belsch-lëtzebuerger Grenz goufe gosse Grenzmaarken opgestallt. Am neie Pisa Summerchallenge wëllen den Olivier Catani a Mister Science déi ganz Grenz befueren an op mannst 100 vun den imposante Maarke fannen. De Gros dovun steet awer net laanscht Weeër, mee matten am Bësch oder a geféierlechen Häng. Wéini goufen d’Marken opgestallt? Wien huet d’Grenz gezunn? A firwat sinn op ville Plaze komesch Zacken dran?
    0 min
  • Spueren aus der Vergaangenheet, 17/07/2022
    Op Entdeckungsrees an de Kasematten an den ale Schifergrouwen

    Mir entdecken déi riseg ënnerierdesch Welt vun de Schifergrouwen zu Uewermaartel a gesinn am Büro vum fréiere Chef wat haut nach iwwert dem Buedem un déi al Zäiten erënnert. An um Kierchbierg kënnt een ënnert d’Schinne vum Tram. An en Deel vun de Kasematten an deem ee keng regulär Visitte ka maachen.
    30 min
  • Naturschutz an Insektestierwen, 26/06/2022
    Naturschutzgebidder als Hotspot fir méi Biodiversitéit a wat ee selwer fir Insekte maache kann

    De Giele Botter zu Déifferdeng. An d’Schlammwiss zu Iwwersiren. Zwou Plazen. Een Zil. Liewensraum schaffe fir rar Déieren a Planzen. Mir begleede och Fuerscher déi Insekten zielen. Si wëllen erausfannen op et der méi oder manner ginn. An op mer et wierklech mat engem groussen Insektestierwen ze dinn hunn.
    27 min
  • Ouni Buedem, kee Liewen, 29/05/2022
    Déi faszinant Welt ënnert eise Féiss

    Eng Ekipp vun der Akerbauverwaltung ass op der Sich no deene gudde landwirtschaftleche Biedem hei am Land. Grouss a kleng Organismen maachen de Buedem lieweg. A kënnen esouguer e Kalzong zersetzen. Firwat ass e liewege Buedem esou wäertvoll. E Bauer weist eis säin Trakter, dee d’Bäikraider kameragesteiert eraus kappt. An et gi Planzen déi kënnen Närstoffer aus de Loft an de Buedem bréngen.
    28 min

About PISA de Wëssensmagazin

From the publisher's feed

Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.

More shows like PISA de Wëssensmagazin

Journal (TV) by RTL Télé Lëtzebuerg

Journal (TV)

2 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Newsflash by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Newsflash

1 Listeners

Journal (TV) by RTL Télé Lëtzebuerg

Journal (TV)

1 Listeners

Magazin by RTL Télé Lëtzebuerg

Magazin

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Hollywood Reporter by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Hollywood Reporter

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners