
Sign up to save your podcasts
Or


An dëser Episod diskutéiere mir déi nei Versioune vu Fantastic Four, The Naked Gun an I Know What You Did Last Summer. Muss alles nei gemaach ginn? Wéi vill Nostalgie ass nach dran – a wéi vill feelt?
An dëser Episod vu Plottwist schwätze mir iwwert de neien Superman-Film vum James Gunn – wat erwaart eis, a wéi eng Neiinterpretatioun bréngt hie mat? Dono geet et ëm Eddington, de mysteriéise neie Film vum Ari Aster. Als Regisseur, deen eis ëmmer nees beschäftegt, stelle mir eis d’Fro: Geet hien nach eng Kéier an eng nei Richtung oder bleift hien dem Horror trei? Eng Episod fir all Filmfreaks déi op Iwwerraschunge stinn.
An dëser Episod diskutéiere mir eng Rëtsch nei Filmprojeten: vum neie Jurassic World iwwer 28 Years Later bis bei Pixar. Mir schwätzen och iwwer The Materialists, an e Formel-1-Film mam Brad Pitt hannert dem Steier.
Dës Kéier schwätze mir iwwert dräi Filmer, déi op ganz verschidde Manéieren mat Erënnerung a Gefill spillen: How to Train Your Dragon kritt eng Live-Action-Verfilmung – mee brauche mir déi wierklech? Partir un jour, den neie franséische Musical, vermëscht Jugendléift, Nostalgie a Popkultur zu enger spezieller Atmosphär. An The Life of Chuck erzielt op spilleresch Aarte vum Liewen a vu Verloscht. Eng Episod iwwert Erzielformen, Adaptatiounen – a wéi Kino eis ëmmer nees mat eis selwer konfrontéiert.
An dëser Episod vu Plottwist schwätze Yannick a Mike iwwer de spannungsgeluedene Film „Bring Her Back“, den ästhetesch opfällege „Ballerina“ an d’Serien „Sirens“ an „Overcompensating“. Wat iwwerzeegt an wat enttäuscht? Wéi ëmmer mat vill Häerzbluttan Humor!
Elo gëtt et wierklech verréckt: Mission Impossible gëtt zum Féiwerdram, Final Destination blutt sech zréck a Lilo & Stitch mécht eis emotional fäerdeg – trotz 3D-Brëll an Enttäuschung beim After-Credits. An der neier Episod vu Plottwist schwätze mir iwwer nei Live-Action-Floppen, déi Kraaft vu gudder Regie, an eis Sécherheetsdistanz zu Camionen mat Bamstämmen. Och dobäi: Kinepolis-Momenter, déi een net vergiess kann, a Preview op Bring Her Back.
🎧 Lauschtert eran a loosst eis an de Kommentare wësse, wéi iech d Filmer gefall hunn an ob der och bei de Credits aus dem Sall gejot gi sidd…
An dëser Episod schwätze mir iwwert de neie Marvel-Film Thunderbolts, dee mat engem düsteren Toun, staarker Florence Pugh-Performance a laang erwaarte serieuxe Sujeten iwwerzeegt – ouni Marvel-typesch Witzer ze iwwerdribben. D’Diskussioun dréit sech och ëm de Marvel-Multiverse, d’Problemer vum Franchise a wéi Thunderbolts erëm nei Hoffnung bréngt.
🎥 Weider geet et mat der thrilling Miniserie The Stolen Girl op Disney+, déi e grujeleg realistesch Entféierungsszenario behandelt an d’Zuschauer mat dramateschen Plottwists a stäerken Schauspillerleeschtungen fesselt. 🎭
🎬 Zousätzlech entdeckt Dir The Studio op Apple TV+ – eng Serienperle mat Seth Rogen, Martin Scorsese & co., déi d’Filmindustrie humorvoll a kritesch duerstellt, inklusiv insideresche Gags an engem spannenden Uno-Deal.
Zum Schluss gëtt et nach flott Off-Topic-Anekdoten: vum Slash am Kino bis zu engem méigleche Face-to-Face mat Bryan Cranston ✈️🍿
🎧 Lauschtert eran a loosst iech inspiréieren – vu Marvel-Müdigkeit bis Serien-Highlights, hei gëtt fir all CineBFF eppes gebueden.
An dëser neier Episod vu Plottwist gëtt et erëm vun allem e bëssen:
🕵️♂️ The Amateur – e Spionagefilm, deen éischter mam Doud vu sengem eegene Rhythmus kämpft.
🧱 Minecraft: De Film – méi Chaos wéi Plott? Oder genau dat, wat Fans wollten?
🪦 Ma mère, Dieu et Sylvie Vartan– en emotionalen, franséische Film iwwer Trauer, Glawe & Mutterroll.
🦄 Death of a Unicorne – A24 geet all-in op Symbolik, mam Paul Rudd a Jenna Ortega an enger bizarer Business-Satir.
➡ Loosst iech dat net entgoen!
🔗 Lauschtert elo op Spotify, Apple Podcasts & Co!
#PlottwistPodcast #Filmkritik #MovieTalk #TheAmateur #MinecraftMovie #MaMereDieu #DeathOfAUnicorne #PodcastLuxembourg #FilmDiskussioun #Cinephile
🎧 Nei Episod: Snow White & A Working Man – Kino ouni Séil?
An dëser Plottwist-Episod schwätze mir iwwer zwou nei Kino-Releases, déi eis leider béid enttäuscht hunn: Disney säi Snow White-Remake an den Actionfilm A Working Man mat Jason Statham.
🎬 Firwat feelt et dem neie Snow White un Zauber – trotz groussem Budget a groussem Numm?
🥊 A wisou ass A Working Man net méi wéi eng langweileg John-Wick-Kopie?
Mir diskutéieren, analyséieren a loossen eis Frustratiounen eraus – natierlech mat engem Twist 😉
From the publisher's feed
Plottwist ass e Podcast wou zwee Filmnerds iwwert eng vun hire gréissten Leidenschafte schwätzen. Klassiker oder nei Filmer, neicht ass vrun hinne sécher...