Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
De Podcast iwwer Alldeegleches, Kultur, Konscht, Technik a méi mam Kevin Bast a Sam Flammang.... more
FAQs about PODCAST.LU Podcast:How many episodes does PODCAST.LU Podcast have?The podcast currently has 6 episodes available.
April 22, 2018PODCAST.LU Podcast #6 - Den Internet an aner NetzgeschichtenHaut sinn de Kevin an de Sam online, offline an iwwerall dertëschent! Et geet em Internetwelten, Onlinesucht. Onlinezwang an wéi d’ Leit domadder ëmginn. Wéini ass „ze vill online“ wierklech ze vill an gëtt et nach eppes wéi „ze vill online“ iwwerhaapt? Hu mer et net nach ëmmer mat de Clichéën aus de 90er ze den an wat muss geschéien, fir dass d’ Diskussiounen iwwert an am Internet Friichten droen an fir jiddereen sënnvoll sinn. Teschend Dickpics an World of Warcraft gëtt et eng onendlech Zuel vun spannenden Diskussiounsusätz, di e bëssen ausernee geholl ginn an dëser 6. Episod vum Podcast....more1h 15minPlay
April 07, 2018PODCAST.LU Podcast #5 - Bicher, Filmer an AusflichD’ Fréijoer steet virun der Dier an de Kevin an de Sam kréie net vill dovunner mat. Haut froen se sech, firwat d’ Leit ëmmer manner oder ëmmer anescht Bicher liesen, wat Netflix, Audiobooks an Filmer domadder ze dinn hunn an wéi een di vill Angeboter ënnert een Hutt brénge kann. Dono schwätzen se passend zur Joreszäit iwwert hir rezent Ausflich an d’ Natur....more51minPlay
April 01, 2018PODCAST.LU Podcast #4 - Geschichten aus der FotoweltAn der 4. Episode kromen de Kevin an de Sam skurril, witzeg an spannend Geschichten aus der Fotowelt eraus an diskutéieren ënnert anerem iwwert Knipsen an der Ëffentlechkeet, iwwert Nationalparken, Tourismus, Vakanz an Dronen....more58minPlay
March 25, 2018PODCAST.LU Podcast #3 - Hei kéint är Reklamm stoen!De Kevin an de Sam diskutéieren iwwert déi vill Facette vun der Reklamm hautdesdaags. Sief et op am Fernseh oder am Internet, d' Reklamm gehéiert genausou dozou wéi de Programm den e kucke well. Ass Reklamm dann wierklech nëmmen nerveg oder kann een och Flottes, Witzeges oder Interessantes aus hier erauszéien? Dat a méi gëtt et des Woch am Podcast ze lauschteren!...more1h 12minPlay
March 18, 2018PODCAST.LU Podcast #2 - Gestresst, genervt a middAn hirem zweete Podcast schwätzen de Kevin an de Sam iwwert de Stress an all senge verschiddene Formen a kucken, wéi dësen sech op hiert Liewen an hiert Ëmfeld auswierkt. Hëllefen Fitness, Gesondheet, Schlof an Ofschalten oder ass einfach alles fir ëmmer verluer? Dat a weider Anekdoten am wöchentleche Podcast op lëtzebuergesch!...more58minPlay
March 10, 2018PODCAST.LU Podcast #1 - Iwwert Medien a LëtzebuergAn hirem éischte Podcast schwätzen de Kevin an de Sam iwwert Medien a Lëtzebuerg. Brauch Lëtzebuerg Podcasts? Wéi steet et mat de neie Medien, mat Youtube, mat de soziale Netzwierker an wat halen si vun den aktuellen Entwécklungen. Dat an intressant perséinlech Andréck erwaart iech an dëser éischter Episode vum wöchentleche Podcast iwwer Alldeegleches, Kultur, Konscht a méi....more58minPlay
FAQs about PODCAST.LU Podcast:How many episodes does PODCAST.LU Podcast have?The podcast currently has 6 episodes available.