Déi Fro stellt sech, nodeems dee gréisste Provider hei am Land d'lescht Woch ronn 4 Stonne laang wéinst enger presuméierter Cyberattack een Totalausfall hat. Mee de Wiessel bei en aneren Operateur ass zu Lëtzebuerg net virgesinn a wier an dësem Fall och keng richteg Léisung gewiescht. Mir hu beim Regulateur ILR a beim Post-Konkurrent Tango nogefrot.