Den 29. Februar ass den Dag vun de rare Krankheeten. Déi sinn zwar u sech guer net esou seelen, mee ëmmer nach net interessant genuch fir d'Pharmaindustrie dozou ze beweegen, sech grondleeënd dofir ze interesséieren. D'Associatioun ALAN setzt sech dofir an a begleet Betraffener an hirem dacks schwierege Parcours. D'Christiane Kleer schwätzt mat hirem President, den Dan Theisen.