D’ Colette Flesch kennt een als Politikerin, iwwert hire Passé als Kand huet si nach net vill geschwat.
Si ass 1937 gebuer, hire Papp de Robert Flesch wor e Lëtzebuerger. Hir Mamm, d’ Madeleine Alexandre hat bis zu hirem Mariage déi franséisch Nationalitéit - a si wor Jüddin. Den 10te Mee 1940 ass zu Lëtzebuerg d’Populatioun aus de Südgemengen evakuéiert ginn. Matsen an deem Chaos ass d’Famill Flesch an Direktioun Frankräich geflücht.