Bis Silvester geschitt net méi vill, dat ass ëmmer nach esou. Direkt ufanks 2025 kënnt awer däitlech méi Beweegung an d’Wiederkichen a kräftege Wand gëtt méi warscheinlech.
De Schnéi, dee mir kuerz viru Chrëschtdag haten, gëtt dëst Joer net méi getoppt. E stabilt Héichdrockgebitt suergt dofir, datt sech déi lescht Deeg vum Joer net méi vill wäert doen. Ufanks 2025 ännert dat awer.
De Schnéi, dee mir zanter dem 11. Dezember beobachten, koum an der vergaangener Nuecht erof. Et ass aller Viraussiicht no dee leschte vum Joer, an et geet elo méi roueg virun.
De Weekend ass nach Beweegung am Wieder, duerno gëtt et méi roueg. D’Déifdrockaktivitéit bréngt eis e Sonndeg an e Méindeg eng méi héich Warscheinlechkeet fir Schnéi.
Egal ob Héich- oder Déifdrock, et ass a bleift meeschtens dréif. D’Sonn ass de Moment e richteg raren Artikel - se ze gesi gëtt an den nächsten Deeg net onbedéngt méi liicht.
De meteorologesche Wanter ass zwar amgaangen, mee de Schnéi wëllt sech net esou richteg weisen. Et schéngt, wéi wann an nächster Zäit net vill méi wéi just e puer vereenzelt Flacken dra wieren.