Mat iwwer 100.000 Salariéen ass d’Handwierk en zentralen Acteur an der Lëtzebuerger Wirtschaft. Mee de Secteur ass mat engem Problem konfrontéiert: Et ginn ëmmer manner Leit zu Lëtzebuerg, déi un der Meeschterprüfung deelhuelen, an dat obwuel de Meeschterbréif nach ëmmer eng wichteg Roll am Droit d’Etablissement spillt. Dat féiert dozou datt Leit feelen, déi nei Betriber grënne kënnen. Et heescht awer och, datt déi bestoend Betriber Problemer hu Nofollger ze fannen. Fir dëse Problem ze léisen huet den Educatiounsministère 2023 eng Reform vum Brevet de Maîtrise an d’Weeër geleet, deen aktuell an der Chamber diskutéiert gëtt.