D’Associatioun Sauvons Bambi sicht no Fräiwëllegen, déi wëlle bei der Réikitzrettung tëschent Mee a Juli hëllefen, wann op de Wisen a Weede geméit gëtt. Gebraucht gi souwuel Dronepilote wéi Leit, déi d’Kitz herno aus der Geforenzon eraushuelen. De Georges Fohl vun der Associatioun erkläert, wat een dofir muss matbréngen.