Schonn zënter den Olympesche Wanterspiller 1964 zu Innsbruck ass Rennrodelen festen Deel vum olympesche Wanterprogramm. Beim Rodele fueren d’Athleeten an Athletinnen op engem Schlitt duerch e veräiste Kanal. Mam normale Schlittfueren, wat ee selwer vun heiheem kennt, huet d’olympesch Sportaart awer näischt méi ze dinn.