Wa mir an de leschte Wochen eppes geléiert hunn, dann ass et, datt d‘Gesondheet dat Allerwichtegst ass. An datt doheem bleiwe keng Strof muss sinn, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.
Den däitsche Dichter Jean Paul sot emol, de Mënsch wier nie sou schéin, wéi an deem Ablack, an deem e géing ëm Verzeiung froen oder engem anere verzeien. Op d’Thema Verzeien ass och d’Josiane Hoffmann bei senger Zeitungslektür gestouss.
Heiansdo geet et engem e Strapp ze séier. Da verpasst een den Zuch oder et muss ee feststellen, datt an där Gare kee méi fortfiert. De Gibbes Bertolo steet dann elo net um Quai vun der Gare mä an enger Bank. A kläert a sengem Apropos elo mol alles op.
Heiansdo geet et engem e Strapp ze séier. Da verpasst een den Zuch oder et muss ee feststellen, datt an där Gare kee méi fortfiert. D'Gare ass an dësem Fall eng Bank.
Wie Gewalt uwennt, zum Beispill am Stot, dee kann engem aneren doduerch säi Wëllen opzwéngen. A kann nawell dobäi nëmme verléieren, mengt d’Bea Kneip am Apropos vun haut.
Ëmmer méi Leit stellen sech d’Fro, wéi gutt si vun de Medien informéiert ginn. Och de Guy Seyler freet sech, ob een sech op dat verloosse kann, wat do geschriwwen oder gesot gëtt.
An de Medien dominéieren an der Reegel di schlecht Neiegkeeten. Ginn et da guer keng gutt méi? D’Josiane Hoffmann vu your-coach.lu ass där Fro mol bewosst nogaangen.