RTL - BicherLies

RTL - BicherLies

By RTL Radio LëtzebuergArtsBooks
Download on the App Store

RTL - BicherLies episodes

  • BicherLies Buchtipp: "Mein privates Glück" vum Michael Köhlmeier, 06/10/2026
    D'BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip ënnerhalen sech iwwer den neie Roman vum Michael Köhlmeier

    A sengem neie Roman „Mein privates Glück“ reest de groussen éisträicheschen Auteur Michael Köhlmeier an déi eege Kandheet a Jugend a leet d’Wuerzele vu senger Erzielkonscht fräi. Am Mëttelpunkt steet säin Opwuessen an enger "erzielsüchteger" Famill, an där vill geschwat, awer och esou munches verschwige gouf. Dobäi geet et ëmmer erëm ëm d'Fro, wéi zouverlässeg Erënnerunge sinn a wat geschitt, wann d'Imaginatioun déi eidel Plazen ausfëllt.

    Am neien Episod vun der BicherLies schwätzen d'Bea Kneip an de Jérôme Jaminet iwwert e ganz perséinlecht Buch, iwwer d'Verhältnis tëscht Erënnerung a Fiktioun an iwwert dem Köhlmeier seng grouss Konscht, Mënschen an hire Widderspréch ze weisen.
    11 min
  • 38. Am Kräizverhéier: de Krimi-Auteur a Prix-Laurence-Laureat Romain Haas, 29/06/2026
    "Kee Gefuddels!" D'Personnagen am Krimi "Jagd durch Luxemburg" musse sech bei hirer Schatzsich u streng Reegelen halen

    De Millionär Charles Cannes hannerléisst senger Famill e Verméige vun 100 Milliounen Euro! Mä d’Saach huet en Hoken: Fir ierwen ze kënnen, musse si sech un enger Schatzsich bedeelegen, déi si duerch ganz Lëtzebuerg féiere wäert. Séier gëtt kloer, dass dës «Juegd duerch Lëtzebuerg» net ganz ongeféierlech ass...
    De Romain Haas, 26 Joer jonk, leet mat «Jagd durch Luxemburg» säin éischte Krimi vir, ganz an der Traditioun vu sengen Idoler Agatha Christie an Arthur Conan Doyle, dofir awer adaptéiert fir d’21.Jorhonnert an déif verwuerzelt an der Kultur vun eisem Land. An dass de Kölner Emons Verlag säin Débutwierk erausbruecht huet, beweist, dass dat och am Ausland gutt ukënnt! Wéi et dozou komm ass, a wéi hien säi spannende Krimi opgebaut huet, dat verréit de Romain Haas den RTL-BicherLieser Bea Kneip a Jérôme Jaminet am Interview.
    36 min
  • 37. Am Kräizverhéier: De Joseph Kayser iwwer säin Erzielband "toujours jamais", 29/01/2026
    Alles wat mënschlech ass: eng ganz Bandbreet vu Gefiller a véier Novellen.

    Mat "Prinzessin Charlotte" huet de Jos Kayser 2017 säi literareschen Début ginn. Zënterhir huet hien Novelle, Kuerzgeschichten a Romaner op Lëtzebuergesch an Däitsch verëffentlecht. Mat "toujours jamais" proposéiert hien 4 Novellen op Franséisch déi sech duerch eng grouss thematesch a formell Diversitéit auszeechnen. Vu Léift an Doud, vun Hoffnung an Enttäuschung, vum Alldag a vun Ausnamesituatiounen erzielt hien am Buch an och am Interview dat de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip mat him gefouert hunn.
    "toujours jamais" vum Joseph Kayser ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm
    34 min
  • 36. BicherLies Weltbibliothéik: En Ausfluch an d'Literatur vu Japan, 29/11/2025
    Nodeems de Jérôme an d'Bea viru kuerzem en Interview mat der Amélie Nothomb gefouert hunn, si si virwëtzeg ginn op d'Literatur vu Japan

    Japan ass e grousst Thema an de Bicher vun der Amélie Nothomb, si huet en Deel vun hirer Kandheet do verbruecht. Et ass e Land dat faszinéiert, wéi och de Lëtzebuerger Schrëftsteller Robert Weis bezeie kann. Mat "Retour à Kyoto" an "Yamabushi - la sagesse des montagnes" huet hie schonn zwee Bicher erausbruecht an deenen hie seng Reesen a Japan verschafft. Grond genuch fir de Jérôme an d'Bea fir sech an der neister Episod vun hirem Podcast "BicherLies" mam Land vun der opgoender Sonn ze beschäftegen! Nodeems si vun der Amélie Nothomb a vum Robert Weis haaptsächlech Klassiker aus der japanescher Literatur recommandéiert kruten, wollte si sech awer och iwwer déi rezent Publikatiounen aus Japan informéieren. Am Podcast erzielen si wéi eng Bicher si gelies hunn a wéi eng dovun hinnen am beschte gefall hunn.  
    Iwwer dës Bicher gëtt (ënner aneren) am Podcast geschwat:
    "Die Stadt und ihre ungewisse Mauer" Haruki Murakami (Dumont)
    “Schwindende Welt” Sayaka Murata (Aufbau Verlag)
    "Under the Eye of the Big Bird“ Hiromi Kawakami (Soft Skull Press)
    "Tokyo Sympathy Tower"  Rie Qudan (Hoffmann und Campe)
    "Das Gelbe Haus“ Mieko Kawakami (Dumont)
    "HEN NA E. Seltsame Bilder" Uketsu (Lübbe)
    "Hunchback" Saou Ichikawa (Ecco Verlag)
    "Der Hase im Mond" Milena Michiko Flasar (Verlag Klaus Wagenbach)
    0 min
  • 35. De BicherLies-Interview: D'Amélie Nothomb am Gespréich, 28/09/2025
    De Jérome an d'Bea ënnerhalen sech mat der Amélie Nothomb iwwer hir Bicher, hir Passioun fir Japan an hir Verbindung zu Lëtzebuerg

    34 Bicher huet déi belsch Schrëftstellerin zënter 1992 erausbruecht. Hire vir-virleschte Roman mam Titel "Psychopompe" ass elo op Däitsch beim Schwäizer Diogenes Verlag erauskomm. Am Interview erzielt si ënner anerem vun engem traumateschen Erliefniss dat si an dësem Roman verschafft huet, awer och vun hirer Léift zu Japan, dat Land an dem si déi éischt 5 Joer vun hirem Liewe verbruecht huet. Als Duechter vun engem Diplomat ass si vill gereest an huet vill verschidde Länner kennengeléiert. D'Wuerzele vun der Famill Nothomb féieren awer och nach an en anert Land...op Lëtzebuerg. 
    Hei d'Gespréich mat der Amélie Nothomb, dat op hire Wonsch iwwer Telefon opgeholl gouf. Leider ass deementspriechend d'Tounqualitéit net optimal woufir mir eis entschëllegen. Fir dass Dir näischt verpasst, fannt Dir en Transkript vum ganzen Interview op RTL.lu  an der Rubrik "Bicher"
    18 min
  • 34. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Antoine Pohu, 22/07/2025
    Mat grad emol 26 Joer zielt den Antoine Pohu zu de groussen Hoffnungen vun der Lëtzebuerger Literatur. "Après nos désirs" ass säin aktuelle Roman

    Am neisten Episod vum Podcast "RTL BicherLies" froen de Jérôme an d'Bea dem Antoine Pohu e Lach an de Bauch. Si wëllen alles wëssen iwwer seng Theaterprojeten, d'Konzept hannert sengem neie Roman, d'Roll vun der Musek a sengem Schreiwen, Genderen oder net Genderen, d'Stad Bréissel, an an an. Als klengen Extra huet den Antoine Pohu dann och nach e coole Buchtipp matbruecht!
    Iwwregens: fir weider interessant Liestipps kënnt Dir Iech dëse Rendezvous notéieren: 
    Den Antoine Pohu an de bekannten däitsche Buchblogger Florian Valerius begéinen sech de Mëttwoch 13ten August 2025 um 18h30 bei der Gëlle Fra an der Stad, am Kader vun "D'Stad liest"
    40 min
  • 33. Weltbibliothéik: Zäitgenëssesch eedgenëssesch, 01/05/2025
    Nei Literatur aus der Schwäiz

    Max Frisch, Friedrich Dürrenmatt, Jean-Jacques Rousseau oder Madame de Staël, dat sinn déi Klassiker déi engem direkt an de Sënn kommen wann een un d'Schwäiz denkt. Mä et ginn och eng ganz Rëtsch zäitgenëssesch Auteuren déi een op kee Fall verpasse sollt! E Christian Kracht oder e Joël Dicker gehéiere ganz sécher dozou, de Jérôme an d'Bea hunn awer nach e puer aner eedgenëssesch Buchtipps fir Iech parat. Sozialkritesch, historesch oder léiwer skurril a witzeg? Dir hutt d'Wiel!
    Iwwer dës Bicher diskutéieren de Jérôme an d'Bea:
    Sarah Elena Müller – "Bild ohne Mädchen" (de 6te Mee 2025 zu Lëtzebuerg!)*
    Fabio Andina – "Sechzehn Monate" (Iwwersetzung aus dem Italieneeschen)
    Joël Dicker – "Un animal sauvage" (Ein ungezähmtes Tier)
    Joël Dicker -  "La très catastrophique visite du zoo"
    Christian Kracht – "Air"
    Joseph Incardona – "Stella et l’Amérique"
    Jonas Lüscher – "Kraft"
    Jonas Lüscher - "Verzauberte Vorbestimmung"
    Buchtipps fir méi iwwert d’Schwäiz an hir Literatur gewuer ze ginn
    "99 Beste Schweizer Bücher. Literarische Coups de Coeur".
    "20/21 Synchron –  Ein Lesebuch zur Literatur der mehrsprachigen Schweiz von 1920 bis 2020"
    Peter von Matt – "Das Kalb vor der Gotthardpost" / "Die tintenblauen Eidgenossen"
    *Schwäizer Literatur live erliewen, dat kënnt Dir en Dënschdeg 6te Mee 2025 an der Lëtzebuerg City Bibliothèque! Déi Schwäizer Schrëftstellerin Sarah Elena Müller diskutéiert am Kader vun der Veranstaltungsrei „Literatur über Kreuz – literarische Freundschaften zwischen der Schweiz und Luxemburg“ mam Lëtzebuerger Schrëftsteller Luc François. Den Entrée ass fräi, umelle kann een sech iwwer Telefon 4796-2732 oder per Mail: [email protected]
    46 min
  • 32. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Tullio Forgiarini, 04/04/2025
    Vernoléissegt Jugendlecher, Mëssbrauch a Gewalt: Den Tullio Forgiarini schreift iwwer onkamout Themen

    Säin Theaterstéck "Vandalium" a säin nei opgeluechte Roman "Miss Mona" si keng Feelgood-Lecture, mä dofir absolut liesenswäert!
    Mat sengem Roman "Amok-Eng Lëtzebuerger Liebeschronik" (2011) huet den Tullio Forgiarini sech en Numm gemaach an ënner anerem och den Europäesche Literaturpräis gewonnen. 2011 gouf d'Buch ënnert dem Titel "Baby(a)lone" vum Donato Rotunno verfilmt. Iwwert d'Thema Gewalt ënner Jugendlechen wollt den Tullio Forgiarini duerno eigentlech net méi schreiwen, mä duerch en Tëschefall am Joer 2022 krut hien d'Inspiratioun fir säin Theaterstéck "Vandalium". Och a sengem Roman "Miss Mona" (2000, re-editéiert 2024) geet et ëm Gewalt a sexuelle Mëssbrauch. Am Interview erzielt hien dem Jérôme an dem Bea firwat hien ëmmer nees op onkamout Themen zeréckkënnt, obwuel hien eigentlech léiwer emol eskapistesch Bicher schreiwe géif.
    39 min
  • Am Kräizverhéier: D'Schrëftstellerin Kerstin Medinger, 10/02/2025
    An hirem neie Roman "Le Secret de Tadi" geet et op eng abenteuerlech Rees duerch d'USA op der Spuer vun engem Geheimnis

    Am neisten Episod vun der RTL BicherLies huelen de Jérôme an d'Bea nees eng Autorin an d'Kräizverhéier. Mat hirem éischte Roman "Le départ" hat d'Kerstin Medinger et direkt op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt. Déi fënnef ongläich Personnagen déi sech deemools op enger improviséierter Rees duerch Frankräich a Spuenien kennegeléiert haten, begéinen sech an hirem neie Roman "Le secret de Tadi" erëm, an dës Kéier féiert hire Wee si op déi aner Säit vum grousse Pull. Am Interview erzielt d'Kerstin Medinger  wéi si sech mat 9 Joer fir d'éischte Kéier un d'Schreiwe ginn huet, wat d'Wierk vum Miguel de Cervantes fir si bedeit a wéi eng Rees a Latäinamerika en entscheedenden Afloss op hiert Liewen an hiert Schreiwen hat.  
    "Le départ" an "Le secret de Tadi" sinn allebéid bei den éditions Phi erauskomm.
    39 min
  • Weltbibliothéik: Italien, Gaaschtland vun der Frankfurter Buchmesse 2024, 04/01/2025
    Vum Italo Calvino bis bei d'Elena Ferrante, déi italieenesch Literatur huet villes ze bidden!

    Am 30sten Episod vun der RTL BicherLies maachen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech op de Wee a Bella Italia! Si stellen Iech aktuell Publikatioune vir déi op der Frankfurter Buchmesse am Fokus stoungen a kucken zeréck op d'Entwécklung vun der italieenescher Literatur am 20ste Jorhonnert. Dobäi ginn och emol kontrovers Themen opgegraff wéi zum Beispill d'Diskussiounen ronderëm déi italieenesch Delegatioun zu Frankfurt. A si schwätze mat der Schrëftstellerin Viola Ardone iwwer hiren neie Roman "Was wissen sie vom Freisein".  
    Iwwer dës Bicher gëtt (ënner aneren) geschwat: 
    "Unten im Tal" Paolo Cognetti (Penguin) 
    "Die Stadt der Lebenden" Nicola Lagioia (btb)
    "CinéROMAn " Corina Ciocârlie (Signes et Balises)
    "Café Royal" Marco Balzano (Diogenes)
    "Kant und das Schnabeltier" Umberto Eco
    "Was wissen sie vom Freisein" Viola Ardone (C.Bertelsmann Verlag)
    "Falcone" Roberto Saviano (Hanser Verlag)
    "Erklär mir Italien" Roberto Saviano & Giovanni di Lorenzo (KiWi)
    40 min

About RTL - BicherLies

From the publisher's feed

Ee Bicher-Podcast an deem Lëtzebuerger Bicher, an déi international Aktualitéit, am Mëttelpunkt stinn.

More shows like RTL - BicherLies

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners