De Klimaplang gouf presentéiert, d'Accisen op den Diesel an de Bensin gehéicht an den Autosfestival steet virun der Dir. An Zäite vu Klimawandel an Äerderwiermung ass et wichteg iwwer seng eege Gewunnechten nozedenken a Verschiddenes ze änneren, fënnt d'Annick Goerens a sengem Commentaire. Ma et geet net duer just d'Verantwortung op de Konsument ze drécken. D'Politik soll konkret Mesuren huelen, déi och sozial gerecht sinn.