Iwwerdeems d'politesch Aktualitéit hei am Land no der Chrëschtvakanz nëmme lues nees an d'Gänk kënnt, huet et op internationalem Plang am Neie Joer nëmmen 3 Deeg gedauert, bis fir d'éischt op d'déck Tromm geschloe gouf!
Mam geziilte Mord vum Generol Soleimani, engem vun de wichtegste Männer vum iranesche Regime, huet den US-President Donald Trump d'Muskele spille gelooss. E Commentaire vum Eric Ewald.