USO: ''Wa mir eise Liewensstil net séier änneren, setze mir d'Liewen u sech op d'Spill, esou sot gëschter den UN-Generalsekretär Antonio Guterres. Ouni d'Klimaaktivistin Greta Thunberg gouf déi 25. Klimakonferenz vun de Vereenten Natiounen zu Madrid ageweit. Vill Länner si motivéiert an annoncéiere grouss Ambitiounen. Mä Ambitioune ginn net duer, fënnt de Pierre Jans.