An der Géigend vum Sahel an Afrika gëtt d'Situatioun ëmmer méi geféierlech an do ass et ze begréissen datt dës Regioun trotzdeem vu Lëtzebuerg aus weider gehollef kritt. De Carte Blanchist Michel Maquil, fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse, erkläert wéi déi Hëllef, déi de Sahel aus Europa kritt, nach besser strukturéiert kéint ginn, fir séier an effikass d'Liewensbedingungen vun den Awunner ze verbesseren an der Emigratioun no Europa entgéint ze wierken.