Déi siwen Parteien déi an der Chamber vertruede sinn schécken dëst Joer am Ganzen 27 Kandidate mat an d’Europawahlen, déi och schonn dat lescht Joer fir d’Chamberwahle kandidéiert hunn. Dat si méi wéi d’Hallschent vun de Kandidate vun de representatiivste Parteien, dorënner och sechs Deputéiert. Soll ee sech net fir ee vun deenen zwee Parlamenter decidéieren, freet d’Fanny Kinsch sech, a virun allem – war do net eppes?