D'Anne Goeres ass d'Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner huet ënnert anerem politesch Kommunikatioun studéiert.an obwuel se neutral an a kenger Partei aktiv ass, dréckt e puer Wieder iwwert de Politiker aus.
Den Owend ass et esou wäit. Um 5 Auer eiser Zäit fänkt mam Match vum Organisateur Russland géint den Outsider Saudi-Arabien déi 21. Futtball Weltmeeschterschaft un. 81.000 Spectateuren am Luzhniki Stadion zu Moskau an eng geschätzte Milliard virun den Televisiounsapparater wäerte live oder op Distanz mat derbäi sinn. Trotz villen negativen Aspekter freet de Guy Seyler sech op 4 Woche Futtball.
D'Dreier-Koalitioun wousst a wees, dass se et schwiereg kritt, mee wann déi eege Leit mol net méi un e Succès gleewen, dann kann och direkt agepakt ginn. Eise Chefredakter Roy Grotz mengt hannert den Aussoen vun engem Alex Bodry iwwert eng déif soi-disant LSAP-Déi Gréng-Frëndschaft och méi ze gesinn...
No 20 Joer Aarbecht ass de Rapport iwwert d’Verfassungsreform vun der Institutiounekommissioun vun der Chamber ugeholl ginn. Grond genuch fir sech mat dësem wichtegen Text ze beschäftegen, deen ënnert anerem ons Grondrechter ofséchert. Eng « Carte blanche » vum Anne Brasseur, fréier Ministesch, Deputéiert, Schäffen a Presidentin vun der Assemblée parlementaire vum Conseil de l’Europe.
Wann een op der Autobunn ënnerwee ass, freet ee sech dacks, wat da wuel an deene grousse Camionen ënnerwee ass. Heiansdo steet et drop, meeschtens awer net! A wann een et da gewuer gëtt, ass dacks eng an d’Box gaang, Camille…
Am Noutfall ze hëllefen ass eng mënschlech Responsabilitéit. Esou wéi all Mënsch an eng Noutsituatioun komme kann, kann och jiddereen hëllefen. E puer Gedanken dozou vum Josiane Hoffmann:
Mat den neie Reegelen vum Code de la Route ass och e neit Verhalen vun Automobilist a Cycliste gefrot. De Joy Hoffmann mécht sech Gedanken zu Reaktiounen a Léisungen zu dëser Problematik. (Filmkritiker a Vëlosfuerer)