„Ech mengen ech wier esouguer an d’Schoul eragerannt, och ouni arméiert ze sinn…“ Dëst si Wierder aus dem Mond vum amerikanesche President am Kontext vum Schoulmassaker zu Parkland. Hei kann ee just de Kapp rësele. Am Plaz wierklech op d’Affer anzegoen, fält dem Donald Trump näischt besseres an wéi als Proll opzetrieden, fënnt d’Nadine Gautier a sengem Commentaire.