Stauen op eisen Autobunne gehéiere mëttlerweil zu eisem Alldag! Et ass scho bal en Hobby am Stau ze stoen! De Camille Ney wëll elo emol guer net op de wirtschaftleche Verloscht vun där verluerener Zäit am Auto agoen, mee méi op d’Ursaache vun deene verkéierstechnesche Kniet…
Am Apropos vun haut dréit sech alles ëm d'Lëtzebuerger Sprooch. Oder wéi se haut dacks interpretéiert gëtt. De Rich Simon huet sech doriwwer e puer Gedanke gemaach.
Et wier elo e gudde Moment, fir d'Zäit kuerz unzehalen an nozelauschteren. De Roland Kalté trëppelt mat eis zesummen op d'Brems a mécht eis op eppes opmierksam.
Sech Zäit huelen, säi Géigeniwwer besser ze verstoe respektiv Empathie si wichteg Komponente fir falsch Impressiounen a Meenungen ze verhënneren. Ënnert anerem an der Thematik iwwer d’Flüchtlinge wär dat och hëllefräich. Sandra Mélan
Geschwënn ass nees déi grouss RTL-Dictée. Eng gutt Geleeënheet fir sech mol nees eng Grimmel mat eiser Schreifweis ze beschäftegen. Apropos Gibbes Bertolo
De Méindeg Moien ass net déi schéinsten Zäit vun der Woch, gutt wann ee sech da sonndes owes scho gutt preparéiert huet. Mä och de Sonndeg Owend huet esou seng falen, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.
Dass eis Sprooch heiansdo net esou einfach ze schreiwen ass, dat wësse mer! Wann d'Schreifweis awer a grousse Publicitéits-Iwwerschrëfte mat Féiss getrëppelt gëtt, dann huet de Camille Ney esou seng Problemer domat...