A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, President vun Akut an Ex-Deputéierten, iwwert Akut a mëttlerweil 30 Joer Engagement géint Ëmweltkrankheeten a fir Ëmweltmedezin.
Nach virun 20 Joer gouf diskutéiert, ob mer iwwerhaapt sollte Fuerschungszentren an eng Uni zu Lëtzebuerg opbauen. D’Covidkris féiert eis den Ament virun Aen, wéi mir vun enger eegener wëssenschaftlecher Expertise hei am Land profitéieren, sou de Marc Schiltz, Generalsekretär vum FNR.
Lëtzebuerg zeechent sech duerch ee multilinguaalt a multikulturellt Ëmfeld aus, wat een esou staark prononcéiert kaum am Ausland fënnt. Wat d’Schouloffer ubelaangt, stellt een eng kloer Tendenz fest, den Defi vun dëser Heterogenitéit duerch international, europäesch oder privat Schoulstrukture mat sproochespezifesche Filièren ze léisen. Verpasse mir net grad eng immens Chance vun enger inklusiver nationaler Schouloffer? De Gaston Ternes geet a senger Carte blanche op de Sproochenunterrecht an.
Eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten. De Robert Weber mécht sech Gedanken iwwert den „Soziale Mindestloun“.
Kapitalistesch Wirtschafte beweege sech duerch Zyklen a Rezessioune sinn do ganz normal Phasen, an deene staark Entreprisë kënnen expandéieren a schwaach Entreprisë verschwannen.
An hirer Carte Blanche setzt sech d'Astrid Lulling mat engem Interview vun der groussherzoglecher Koppel am Paris-Match auserneen a domadder, wat et fir Wellen zu Lëtzebuerg geschloen huet.
„Kyrie eleison“ ass Algriichesch an heescht „Gott erbaarm dech eiser“. Esou heescht och dem Paul Hammelmann seng Carte Blanche, e verzweiwelten Tëscheruff an der Impfcampagne, e Wénk un d’Inkompetenz vun den EU-Instanzen, op Retarde bei de Liwwerungen an op juristesch Excusen, déi eigentlech keng sinn.
A senger Carte Blanche beschäftegt sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, haut mat deenen an der Politik, déi virginn, de Monopol op Anstand, Wourecht a Moral ze hunn.
A senger «carte blanche» beschäftegt sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, haut mat deenen an der Politik, déi virginn, de Monopol op Anstand, Wourecht a Moral ze hunn.