RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

All RTL - Carte Blanche episodes

  • My home is my prison, 22/04/2020 07:45
    Zanter 5 Wochen si mir ugehalen doheem ze bleiwen an esou mann wéi méiglech eraus ze goen. Wéi flott mir déi Zäit erliewen, hänkt ganz vill dovun of wéi mir wunnen. Dozou eng Carte blanche vum Gilles Hempel, Soziolog an Direkter vun enger Stëftung am Beräich vum Logement.
    0 min
  • Carte Blanche: Gilles Hempel, 22/04/2020 07:45
    Zanter 5 Wochen si mir ugehalen doheem ze bleiwen an esou mann wéi méiglech eraus ze goen. Wéi flott mir déi Zäit erliewen, hänkt ganz vill dovun of wéi mir wunnen. Dozou eng Carte blanche vum Gilles Hempel, Soziolog an Direkter vun enger Stëftung am Beräich vum Logement.
    0 min
  • Carte Blanche: Gilles Hempel , 22/04/2020 07:45
    Zanter 5 Wochen si mir ugehalen doheem ze bleiwen an esou mann wéi méiglech eraus ze goen. Wéi flott mir déi Zäit erliewen, hänkt ganz vill dovun of wéi mir wunnen. Dozou eng Carte blanche vum Gilles Hempel, Soziolog an Direkter vun enger Stëftung am Beräich vum Logement.
    0 min
  • Commentaire: Fanny Kinsch, 21/04/2020 07:45
    Zanter gëschter gi mer “dé-confinéiert”, lues a lues dierf an den nächste Wochen a verschiddene Secteuren nees geschafft ginn – virausgesat, d’Verbreede vum neie Corona-Virus kann a Moosse gehale ginn. Eng Impfung gëtt et nach net, de Virus wäert eist Liewen also nach eng Zäit beaflossen. Symbol vum Dé-Confinement, dem konditionellem Retour an d’ëffentlecht Liewen, ass d’Otemschutzmask. A sengem Commentaire haut mécht d’Fanny Kinsch sech e puer Gedanken iwwert dëst Element vun eiser neier Normalitéit.
    0 min
  • Eis Finanzplaz, eng zolidd Sail an dëse schwéieren Zäiten, 18/04/2020 18:30
    No Wochen ass nach ëmmer kee richtegt Enn vum Ausnamezoustand a Siicht, och wa vereenzelt Mesuren ugekënnegt gi sinn. De wirtschaftlechen Impakt vun dëser Kris kann och nach net genee festgeluecht ginn, well en dovun ofhänkt, wéi laang dësen Zoustand nach muss daueren. Wat awer ëmmer méi kloer gëtt, ass dass déi Kris an déi de Virus d'Welt gestierzt huet, historesch Proportioune wäert kréien. Eng Carte Blanche vum Nicolas Mackel, dem CEO vu Luxembourg for Finance.
    0 min
  • Apropos: Eng Dystopie, 18/04/2020 13:15
    Vun "1984" iwwer "The Handmaid's Tale" bis bei "Hunger Games": dystopesch Romaner a Filmer hunn dacks e grousse Succès. Just, dass mir elo alleguer an enger Dystopie ukomm sinn, mengt d'Bea Kneip am Apropos vun haut.
    0 min