Musek-Play-Lëschten, Buch-Recommandatiounen, Serien- a Film-Tipps… Mëttlerweil misst jidderee verstanen hunn, wéi eescht d’Situatioun wéinst der Corona-Pandemie ass, an d’Leit gi kreativ a proposéieren Entertainment-Méiglechkeeten. D’Devise ass elo, virsiichteg ze sinn ouni ze panikéieren – méi einfach gesot wéi gemaach. D’Fanny Kinsch huet a sengem Commentaire vun haut e puer Iddien, wéi ee sech a Quarantän- a sozialen Distanz-Zäite beschäftege kann.