Mir freeën eis Iech u Bord vun eisem Schëff der MS Princesse Marie-Astrid begréissen ze dierfen. Sou gëtt een zu Gréiwemaacher empfaangen, wann een do op d’Schëff klëmmt. An dat lo schonn zanter 50 Joer. A fir dee ronne Gebuertsdag ze feieren kucke mir lo zréck an d’Geschicht vun dësem schéine Schëff. Wollten awer och wëssen wéi vill et dann sou am Joer kascht a wéi déi Fraisen gedeckt ginn.