Chr: Et ass nees Zait fir de Radio Sport Club, an haut huet hien mech nees verlooss. Gudde Mëtteg Franky,
Fr: Salut Christiane,
Chr: Du bassa Schweden am Trainingslager vun der Lëtzebuerger Footballnationalequipe, wou d'Rout Leiwen muer an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun zu Solna bei Stockholm geint d'Tre Kronor untrieden. An du hues dee Mann bei der, deen, et kann ee roueg soen, den Held vun Toulouse ass....
Fr: Hien huet seng Këscht während 90 MInutten propper gehalen, hien war d'Mauer, hien war d'Festung vun der Lëtzebuerger Footballnationalequipe, an dobai war en u sech schonn mat sengen 38 Joer an der internationaler Pensioun, Gudde Mëtteg Jonathon Joubert....
Wann dir eng Fro un eisen Invite huet, oder dir kennt eng lëschteg Geschicht vum Jonathan Joubert, dann scheckt eis eng SMS op den 60 3 3 0.
Jonathon, mir hunn elo d'Introductioun op Lëtzebuergesch gemaach...ech hu mer soen gelooss, du versteess Lëtzebuergesch, an du schwätzt och e bësse Lëtzebuergesch...?