E Samschdeg gëtt et am Stade Josy Barthel den Highlight vum Joer fir déi Lëtzebuerger Footballnationalequipe mam Match géint de Vizeeuropameeschter Frankräich. De Chris Philipps, dee vun Harel-Ischpelt iwwer Ettelbréck op Metz koum, ass ee vun dräi FLF-Spiller, déi hiert Brout am Hexagone verdéngen. No engem staarke Mount Januar, sëtzt den 23 Joer ale Mëttefeldspiller awer elo nees op der Bänk, oder esouguer just op der Tribün. Iwwer Metz an iwwer de Match vum Samschdeg gëtt Rieds mam Chris Philipps am Radio Sport Club.